
“Mir si verzweiwelt.” Eng kloer Ausso vun Awunner vu Conter, déi einfach net méi wëssen, wat se maache sollen. Si hu sech bei eis gemellt, well zënter méi wei dräi Joer weekends, mä mëttlerweil och an der Woch, ëm de Schlof bruecht ginn.
Reegelméisseg treffe sech an der Industriezon zu Conter begeeschtert Autosfuerer mat hiren dacks opgemotzte Gefierer. Hei gëtt den Auspuff knuppe gelooss, gedrift a souguer Coursë gi gefuer... Dat kréie mir net nëmme vun Awunner erzielt, mä et ass och op de soziale Reseauen ze fannen. Hei filmen d’Fuerer sech géigesäiteg a stellen et online.
Dëse Video krute mir vun engem vun eise Lieser geschéckt:
Eng 70 Autoen a geschaten 200 Leit géife sech hei versammelen. D’Awunner si frustréiert. Ëmmer rëm gi si weekends waakreg gehale vum Kaméidi. “Wa gutt Wieder ass, geet dat dacks géint 21.30 oder 22 Auer owes lass. An da geet dat och e puer Stonnen. Zum Ofschloss fuere si da Vollgas a mat vill Geknupps nach eng Kéier duerch d’Duerf.”
Ma et wier awer net nëmmen dat. Den Dag duerno wieren Iwwerreschter op de Stroosse gutt ze gesinn. “Niewent der Loftverschmotzung duerch d’Ofgasen an de Gummi vun de Pneuen, der sougenannter “Lärmverschmotzung” duerch de Kaméidi bei de Courssen, Drift-Shows a sou weider, fënnt niewelaanscht och nach eng Verschmotzung vum Buedem duerch de Knascht, deen all Moie vun de Mataarbechter vun der Tankstell an dem Grand Frais geraumt muss ginn, an den ofgenotzte Gummi vun de Pneue statt”, erzielt eis eng Awunnerin.
Nieft de Lëtzebuerger géif ee bei dësen Treffen och vill franséisch an däitsch Placke gesinn. Souwuel d’Gemeng wéi och d’Police wieren informéiert. Wann d’Awunner nuets den 113 wielen, géif och ëmmer eng Patrull opdauchen. Dat géif awer dacks näischt bréngen. “Zwee Poliziste géint 200 bis 300 Leit. Déi kënnen do och net vill maachen.”
“Mir als Community a Fans vun Autoe wëllen net negativ opfale mat geféierlechen Autoscoursen a geféierlechen Aktiounen am Stroosseverkéier. Mir wëlle roueg an zesummen eisem Hobby nogoen, wéi och e Futtballspiller sengem Hobby nogeet.”
Vun de Coursë wëll den Tuninggrupp sech kloer distanzéieren.“Coursen zu Conter mat enger Vitess vu bis zu 100 Kilometer d’Stonn, wou riets a lénks Leit stinn, déi kéinte liewensgeféierlech blesséiert ginn, dat soll a kann net akzeptéiert ginn.”
Mat der Police huet een deemno kee Problem.“Mir verlaange selwer, dass d’Police méi staark duerchgräift. Dat awer géint Raser an net géint d’Tuningszeen u sech. Ënnert anerem steet och d’Fro am Raum wisou vun der Politik keng aktiv Virschléi kommen.”
De Grënner vum Grupp schléit vir, dass een de Leit zum Beispill eng Streck ubidde kéint fir sech auszetoben, wéi dat um Colmer-Bierg méiglech wier. Hei wier d’Sécherheet nämlech méi garantéiert an et géif ee keng Gefor am Stroosseverkéier duerstellen. Den Ament géif een de Problem net léisen, mee just verlageren. Dat géif ee gutt gesinn. Elo, wou dat op der Kockelscheier nämlech net méi sou méiglech wier, géif dat eben zu Conter sinn.