Destination Camper Park(ing)Modern Stellplaze fir Camping-Cars

Fanny Kinsch
D'Nofro no Campingplaze gëtt ëmmer méi grouss. Deem Trend wëll een elo Rechnung droen an och "Premium Stellplazen" sollen zur Offer gehéieren.
Destination Camper Park(ing) - Modern Stellplaze fir Camping-Cars
D’Nofro no Campingplaze gëtt ëmmer méi grouss. Deem Trend wëll een elo Rechnung droen an och “Premium Stellplazen” sollen zur Offer gehéieren.

Zejoert goufen et zu Lëtzebuerg iwwer eng Millioun Iwwernuechtungen op de Campingen. Sief et mam eegenen ëmgebaute Kombi oder mat engem Camper. Et ass eng Aart a Weis ze reesen, déi zënter der Pandemie ëmmer méi beléift gëtt. D’Nofro no Stellplaze klëmmt deementspriechend, mee d’Offer wier nach net richteg nokomm, heescht et vum Tourismusministère. Dësen huet zesumme mat der Associatioun vun de Campingbedreiwer Camprilux eng Broschür ausgeschafft, déi ASBL’en, kleng a Mëttelbetriber, Gemengen a Gemengesyndikater doranner ënnerstëtze soll Campingen zu Lëtzebuerg ze amenagéieren, déi iwwer déi aktuell Parkingen a Servicer eraus ginn.

Mam Ausbau vun de Stellplazen, wéilt een eng ganz nei Clientèle uschwätzen, seet den Tourismusminister Lex Delles:

“Wann et villäicht traditionell Leit waren tëscht 50 a 70 Joer, sou gesi mer dass den Trend vun deene Leit, déi Wäert op Fräiheet a Natur leeën, dass do d’Altersmoyenne erofgeet. Dat heescht et gëtt en Trend vu méi jonke Leit, déi mam Camper wëllen ënnerwee sinn.”

Et wiere Leit, déi verbonne si mat der Natur an deementspriechend och gewëssen Ufuerderungen hunn. Eng Stellplaz soll deemno méi wéi just eng Bëtongsplaz sinn, heescht, et soll vill Gréngs ronderëm sinn.

Nieft Campingsplazen, déi eng gewësse Basisinfrastruktur hunn, sollen och sougenannte Premium Stellplazen amenagéiert ginn, de Paul Visser, deen der Camprilux als Beroder zur Säit steet:

“Dat heescht dass déi Plaz déi offréiert gëtt och méiglechst hannert enger Barrière ass a geséchert ass. Datt se idealerweis direkt vun der Strooss aus disponibel ass, dat heescht dass een direkt dohinner kënnt. Dann d’Disponibilitéit vu Wifi, online buchbar, kontaktlose Check-in. An datt een am Viraus ka bezuelen. An en Zougang zu Toiletten an Duschen, dat ass fir vill Camper en Luxus, well se net all eng eegen Dusch an Toilette hunn.”

Iwwerdeems solle bei de Premium Stellplazen och Iessméiglechkeeten an engem Ëmkrees vu 500m sinn.

Acteuren, déi gären sou Stellplazen ubidde wëllen, bitt d’Camprilux individuell Berodungen un, z.B. wann et em de Standuert, d’Geneemegungen an d’Technik geet. Fir den Amenagement stellt de Ministere och finanziell Hëllefen an Aussicht.

LINK: D’Schreiwes vun der Direction générale du tourisme.

PDF: De Guide

Back to Top
CIM LOGO