
30 Joer ass de brutale Mord um 21 Joer ale Christiane Heiser zu Bréissel hier. 30 Joer, an deene kee Schëllege konnt ermëttelt ginn. D’Probabilitéit, dass nach ee sech muss fir den Doud vun der jonker Fra veräntwerten, gëtt domat ëmmer méi kleng.
Den 12. November 1992 ass d’Christiane Heiser dout an hirer Studentewunneng um Campus vun der ULB zu Bréissel fonnt ginn. Si war erstach ginn. Nodeems eng Frëndin vun der jonker Fra si e puer Deeg net gesinn huet, huet si de Portier alarméiert an et koum zu der grausamer Decouverte.
Am Dossier zum Mord goufen et iwwert déi lescht Joerzéngten eng ganz Partie Indizien. Ma Beweiser, fir de Schëllegen ze ermëttelen, goufen et keng.
Den deemolegen Affekot vun der Famill vun der Victime war virun 10 Joer schonn eemol iwwerzeegt, dass d’Police de Mäerder fonnt hätt. Ma och déi Spuer ass am Sand verlaf. D’DNA vum presuméierten Täter huet nämlech net där entsprach, déi um Affer fonnt ginn ass.
Op Nofro vun RTL huet de Parquet vu Bréissel matgedeelt, dass ee keng weider Informatiounen zum Fall kéint ginn. Deemno bleift ongewëss, ob enger neier Spuer nogaange gëtt, oder ob et keen neie Moment am Dossier gëtt.