Mann illegal am LandMordmenace géint Sécherheetsbeamten

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, koum et e Méindeg den Owend zu engem Tëschefall an engem Foyer, well e Mann do net eragelooss gouf.
© RTL Archivbild

De Mann huet sech därmoossen driwwer opgereegt, net an de Foyer eragelooss ze ginn, dass d'Police alarméiert gouf. An der Zäit, bis d'Polizisten ukoumen, gouf de Mann vu Sécherheetsbeamten um Buedem festgehalen, deen hinnen dowéinst mam Dout gedreet huet.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann méi genee kontrolléiert. Hien huet sech illegal am Land opgehalen a koum op Récksprooch mat der zoustänneger Police an dem Ausseministère an de Centre de rétention.

Fra iwwerfall

Zu Lamadelaine an der Lëtzebuerger Strooss gouf um 18 Auer e Méindeg den Owend eng Fra iwwerfall. En Onbekannten, deen op der Héicht vun enger Wiertschaft laanscht si getrëppelt ass, huet d'Fra menacéiert an hir d'Kette vum Hals gerappt.

Den Täter ass doropshin a Richtung Busarrêt "op der Gare" geflücht. Eng Sichaktioun hat kee Succès.

Täterbeschreiwung: De Mann mat nordafrikaneschen Originnen hat ee schwaarzen T-Shirt mat enger wäisser Schrëft um Réck un an eng Jeansbox. Sämtlech Informatioune si fir d'Police vun Déifferdeng um 244531000.

Back to Top
CIM LOGO