
Zeienaussoen no ass de Motocyclist am zéien Trafic tëscht den Autoen erduerch geschlängelt, éier en op d'Busspur eriwwer gefuer ass. Do konnt en Taxichauffer net méi mat Zäite bremsen a krut de Motocyclist ze paken. Éischten Informatiounen no, gouf hien net schwéier blesséiert.
Géint 9.20 Auer war den Accident geraumt.
