CGDISMotocyclist bei Chute blesséiert an 1 Blesséierte bei Accident tëscht 3 Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt eng ganz Partie Accidenter am Laf vum Dënschdeg. Bei 3 Accidenter blouf et beim Materialschued, 2 Mol gouf jeeweils eng Persoun blesséiert.

Géint 11.26 Auer waren d’Rettungsdéngschter vu Mamer an aus der Stad op d’RN06 tëscht Mamer a Capellen geruff, nodeems hei en Auto accidentéiert war.

Op der RN10 tëscht Schengen a Rëmerschen hat et kuerz no 12 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Um Asaz waren d’Pompjeeë vu Schengen an d’Ambulanciere vu Réimech.

Um Belval an der Avenue du Swing war géint 12.30 Auer e Motocyclist blesséiert ginn, wéi e mat sengem Gefier gefall ass. D’Rettungsdéngschter vun Esch hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.

Tëscht Reisduerf an Héischdref hunn d’Rettungsdéngschter vu Reisduerf, Veianen an aus der Nordstad wéinst engem accidentéierte Gefier missen ausrécken. Hei blouf et beim Materialschued.

Ee weidere Blesséierte gouf et géint kuerz viru 17 Auer tëscht Biergem an Hunchereng, wéi dräi Autoen aneneegerannt sinn. D’Rettungsdéngschter vu Monnerech a Beetebuerg waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO