
Kuerz viru 17 Auer krute sech zu Dippech zwee Autoen ze paken. De CGDIS mellt zwee Blesséierter.
E Motocyclist hat beim engem Iwwerhuelmanöver um CR337 tëscht Ëlwen a Bënzelt d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass engem Auto hannendrop gerannt. De Motocyclist gouf schwéier blesséiert a gouf an d’Spidol geflunn.
Och gouf e Mëttwoch de Moien um 8 Auer ee Vëlosfuerer zu Bartreng ugestouss a blesséiert.
Zu Gréiwels ass en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeë vu Reiden, grad ewéi d’Pompjeeë vu Gréiwels waren op der Plaz.