
Hie war mat sengem Moto op der Place Bernard Weber ëmgefall. Eng Persoun, déi wollt hëllefen, krut Pefferspray an d'Gesiicht gesprutzt. De Motocyclist hat och ee Klappmesser bei sech.
Wéi d'Police de Mann mat bei den Déngschtwon wollten huelen, huet dee sech lassgerappt an huet mam Helm ëm sech geschloen an dobäi huet en Zeie geroden.
Den Alkoholtest war positiv. De Motocyclist konnt kee kee valabele Führerschäin virweisen.
De Moto, de Pefferspray an d'Messer goufe saiséiert.