
D'Ambulanz vu Réimech an d'Pompjeeë vu Mutfert waren op der Plaz.
An der Nuecht op e Samschdeg dann, géint 3.30 Auer, ass tëscht Konstem a Kautebaach eng Camionnette accidentéiert. Och heibäi gouf eng Persoun blesséiert. Nieft dem Samu war och eng Ambulanz vu Wolz am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Géisdref, Kiischpelt, Housen a Wolz.
Zu Mäertert huet géint 4.30 Auer um Samschdeg de Moien an der Parkstrooss e Stroumverdeeler gebrannt. Hei gouf kee blesséiert. D'Pompjeeë vu Mäertert hu sech ëm de Brand gekëmmert.