Tëscht Kautebaach a WolzMotocyclist no Kollisioun mat Bus schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Am Norde vum Land war d'N25 no engem méi graven Accident tëscht engem Bus an engem Motorrad gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL

Tëscht Kautebaach a Wolz ass e Motocyclist mat engem Bus, an deem keng Passagéier souzen, kollidéiert. Wéi et vun der Police heescht gouf de Motorradsfuerer dobäi schwéier blesséiert. No enger Éischtversuergung op de Plaz, koum de Blesséierte mam Rettungshelikopter an d’Spidol.

Op Uerder vum Parquet war d’Police technique op der Plaz, fir déi genee Ëmstänn ze klären. D’Streck war fir d’Dauer vun den Aarbechte gespaart.

De Samu vun Ettelbréck, d’Pompjeeë vu Wolz, Géisdref a Klierf, grad ewéi d’Ambulanz vu Klierf waren op der Plaz.

Chute vu Motocyclist um CR361

Tëscht dem Heischtergronn a Géisdref ass géint 15.32 e Motocyclist mat sengem Gefier gefall a blesséiert ginn. Am Asaz waren d’Rettungdéngschter vu Rammerech an Alebesch.

Back to Top
CIM LOGO