Accident um CR364Motocyclist tëscht Bäerdref a Vugelsmillen gefall

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 15 Auer huet um CR364 tëscht Bäerdref an der Vugelsmillen e Motocyclist d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer.
© Domingos Oliveira / RTL

RTL-Informatiounen no gouf eng Persoun blesséiert an nom Accident vun enger Ambulanz oftransportéiert.

Weider Accidenter, gemellt säitens dem CGDIS

Um 13 Auer en Donneschdeg koum et da laut CGDIS zu Nidderfeelen zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Camion, hei gouf eng Persoun blesséiert.

Eng weider blesséiert Persoun gouf et dann nach um kuerz no 16 Auer zu Schëndels, hei krute sech Auto a Moto ze paken.

Um kuerz viru 5 koum et dann nach zu engem Accident op der A4, op der Héicht Steebrécken. Zwee Autoe waren hei dra verwéckelt, 2 Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO