
Géint 10.50 Auer e Freideg de Moien huet et um CR172 tëscht Éilereng a Monnerech tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. D’Rettungsekippe vun Esch-Uelzecht a Monnerech waren op der Plaz.
Zu Réimech an der Route de l’Europe gouf iwwerdeems kuerz virun 13 Auer e Motocyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vu Réimech.