Virfäll e MéindegMotoen zu Miersch geklaut a presuméierten Drogendealer zu Hollerech festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt dann nach zwee Virfäll, déi e Méindeg geschitt sinn. Ugefaange mat engem Abroch an e Garage zu Miersch.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

E Méindeg tëscht 20.50 an 21.15 Auer hunn zwee Onbekannter zwee Motoen aus engem Garage an der Allée John W. Léonard zu Miersch matgoe gelooss an hunn op hirer Flucht sëllegen aner Gefier beschiedegt. Si waren däischter gekleet an ee vun hinnen hat eng wäiss Sträif un der Box.

En drëtten Täter huet op déi aner Brigange mat engem Gefier mat Remorque gewaart. Hien ass a besoter Strooss op an of gefuer. Et handelt sech dobäi ëm e groen Auto mat bloer Opschrëft op der Säit.

Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Mierscher Police um (+352) 244 90 1000 mellen oder per E-Mail an police.mersch@police.etat.lu.

Presuméierten Drogendealer an der Stad

E Méindeg gouf eng Policepatrull um spéiden Owend um Boulevard Docteur Charles Marx zu Hollerech op eng Persoun opmierksam, déi verdächteg Schléckbeweegunge gemaach huet, soubal se d’Polizisten erbléckst hat. Hie gouf kontrolléiert.

Am Mond gouf effektiv eng Bull Droge séchergestallt. De Parquet gouf informéiert an op hiren Uerder hin gouf de Mann am Spidol mat Hëllef vun engem Scanner ënnersicht. Weider Bulle goufen am Kierper vum Verdächtegen entdeckt. De Parquet huet um Enn ordonéiert, de Mann festhuelen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO