
All Informatioune si fir d'Police vun Esch ënnert der Telefonsnummer 244501000.
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf och nach e wäisse Fiat 500 Abarth zu Munneref an der Lëtzebuerger Strooss geklaut. De Proprietär hat den Auto, e wäisse Fiat 500 Abarth, géint 22.30 Auer viru seng Garagenafaart geparkt. E Mëttwoch de Moien war den Auto, dee keng Keyless-Funktioun, hat verschwonnen. Kuerz drop gouf d'Gefier zu Charly-Oradour a Frankräich erëmfonnt.