Déi Beem op der lénkser Säit a Richtung Stad koumen all ewech, engersäits wéinst der zukünfteger Vëlospiste, mä awer och well de ganze Bus-Trafic vu Mëtt Mee un net méi duerch d'Nei Avenue bis op d'Gare kënnt, mä dann duerch d'Origer Strooss an d'Al Avenue ëmgeleet gëtt.
Fir duerch de Garer Quartier ze fueren, muss een zënter Woche scho Gedold hunn a wann een do lieft, respektiv säi Geschäft do huet, sinn déi lescht Méint an déi, déi nach kommen, nach emol esou uerg.
De Chantier vum Tram geet an eng nächst Phas: an nächster Zäit lafen och d'Aarbechten am ënneschten Deel vun der Neier Avenue un, do wou d'Strooss Richtung Gare vill méi enk gëtt. D'Geschäftsleit, mä och d'Residenten aus dem Garer Quartier sinn op enger Informatiounsversammlung op e neits iwwer d'Changementer informéiert ginn a krute versprach, dass een, fir d'Livraisounen zum Beispill, géint Léisunge fannen.
Et kéim eng haart Zäit op si duer, mä de Méi u Liewensqualitéit, wann de Chantier bis fäerdeg wier, géing jiddwereen, Awunner, Geschäftsleit a Leit déi am Garer Quartier schaffen, fir alles entschiedegen, sou d'Stater Buergermeeschtesch.
Den Direkter vu Luxtram huet iwwerdeems versprach, de Chantier wier, wéi geplangt, pünktlech fir Enn 2020 fäerdeg.