Wéinst Presenz vun "Escherichia coli"Muschelen aus dem Auchan zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
An de Muschelen, déi tëscht dem 22. an dem 25. August am Auchan am Lassene verkaf goufen, kéinten "Escherichia coli" enthale sinn.
© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

KoliDat deelt d’Veterinär- a Liewensmëtteladministratioun an engem Schreiwes mat.
Wéi et an dësem heescht, kéint et bannent enger Woch no enger Infektioun mat dëse Bakterien zu Probleemer mam Verdauungstrakt kommen, déi dacks vu Krämp géife begleet ginn.

Bei jonke Kanner, eelere Persounen a Leit, déi eng Immunschwächt hunn, kënnen Symptomer méi staark ausfalen.

Wien d’Muschele consomméiert huet, soll en Dokter opsichen an dësem dat matdeelen.

Et kann iwwerdeems net ausgeschloss ginn, dass de Produit nach op anere Plaze wéi am Auchan verkaf gouf.

Back to Top
CIM LOGO