Wärend Corona-LockdownMuss ee Loyer fir säi Geschäftslokal bezuelen oder net?

Pierre Jans
Dem Affekot Luc Jeitz no gëtt et am Code Civil Méiglechkeeten, datt een de Loyer net muss bezuelen. De Maître Georges Krieger ass dogéint anerer Meenung.
Muss ee Loyer fir säi Geschäftslokal bezuelen oder net?
Dem Affekot Luc Jeitz no gëtt et am Code Civil Méiglechkeeten, datt een de Loyer net muss bezuelen. De Maître Georges Krieger ass dogéint anerer Meenung.

Duerch de Lockdown hu vill Patronen hir Butteker, fir déi se dacks jo e Loyer bezuelen, missen zoumaachen. Wie sech net dorun hält, riskéiert e Protokoll. Et ass en Ëmstand fir dee weder de Proprietär nach de Lokatär eppes kann. Mä muss de Loyer an dëser Ausnamesituatioun wierklech bezuelt ginn? Déi Fro huet sech en Lëtzebuerger Affekot gestallt.

Ugeholl de Patron vun dësem Buttek lount seng Raimlechkeeten. Ugeholl tëscht him an dem Proprietär gëtt et e Vertrag, e Bail, wéi et der honnerten uechter d'Land gëtt. Dëse Buttek gëtt gelount, fir dora Kleeder ze verkafen. D'Regierung huet elo decidéiert dass ënnert anerem Kleedergeschäfter mussen zouhunn.

Den Affekot Luc Jeitz: ''Wa keng Contrepartie besteet zu der Obligatioun ze bezuelen, da stellt sech d'Fro ob ee muss bezuelen, well d'Aktivitéit, déi vertraglech ofgemaach war, strofrechtlech verbueden ass.''

Eng Situatioun, vergläichbar mat enger Naturkatastroph, déi e Buttek zerstéiert, seet de Luc Jeitz. D'Union des propriétaires gesäit dat anescht. Zwar ass de Proprietär obligéiert, näischt ze ënnerhuelen, wat de Locataire blockéiert.

De President Union des propriétaires Georges Krieger: ''Awer wann eppes vu bausse kënnt, ewéi eng Reglementatioun, dat huet mam Proprietär näischt ze dinn.''

De Maître Jeitz betount, dass säin Denkustouss Nuancen huet. E Proprietär an e Lokatär kéinte sech op der Basis vu senge Recherchen och op e reduzéierte Loyer eenegen. E Restaurant zum Beispill däerf den Ament just enger Aktivitéit nogoen: där an der Kichen.

De Luc Jeitz: ''En däerf säi Sall awer net benotzen. An deem Sënn feelt ëm da jo awer e groussen Deel vu senger ''jouissance paisible''. Do ass wierklech d'Fro, ob d'Parteie sech net géingen eens gi fir en Avenant z'ënnerschreiwen. Wann dat net de Fall ass, muss d'Geriicht entscheeden.''

De Maître Krieger gesäit dat kritesch. Woubäi, aus senger Siicht sinn et souwisou net déi kleng lokal Entreprisen, déi Problemer maachen.

De Maître Krieger: ''All déi Dossieren, déi mir erakritt hunn, dat si Multi-Nationalen, déi vu München erof, vun New York erof a vu London erof decidéiert hunn, worldwide gëtt elo emol kee Loyer bezuelt.''

D'Unions des propriétaires hätt hire Membere recommandéiert, vu Fall zu Fall ze decidéieren. Si kënnen hir Locatairen am beschten. A fir déi aktuell Situatioun ka keen eppes.

Back to Top
CIM LOGO