RéimechAbriecher op frëscher Dot erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Zu Réimech huet d'Police e Mëttwoch den Owend e presuméierten Abriecher an engem Eefamiljenhaus festgeholl. Den Täter hat sech iwwer eng ageschloe Kichefënster Zougang zum Haus verschaaft.

E Mëttwoch, den 21. Oktober 2026, géint 19:45 Auer, gouf d'Police iwwer verdächteg Geräischer a Liicht an engem Eefamilljenhaus an der Rue de la Cité zu Réimech informéiert. D'Bewunner vum Haus waren zu deem Zäitpunkt net doheem.

Eng Policepatrull huet sech doropshin direkt op d'Plaz gemaach. Wéi d'Beamten ukomm sinn, hu si festgestallt, datt eng Fënster an der Kichen ageschloe gi war. Ausserdeem konnten d'Polizisten eng Persoun am Haus erkennen, déi sech duerch verschidde Raim beweegt huet.

D'Beamten hunn dunn d'Gebai duerchsicht a konnten de Verdächtegen an der Garage lokaliséieren a stellen. Bei der Kontroll vun der Persoun gouf och e Pefferspray séchergestallt.

De presuméierten Abriecher gouf festgeholl. Hie war en Donneschdeg de Moien beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO