Zënter 1971 betreit d'Maison de la Porte Ouverte Leit, déi Hëllef Hëllef brauchen.
D'Fondatioun huet haut 120 Salariéë beschäftegt an ass ënnert anerem aktiv am Fraeberäich, an der Aide à l'enfance, et gëtt mat Affer vu Mënschenhandel geschafft, mat net begleete Mineuren an och Travailleurs immigrés ginn opgeholl.
Dat sot d'Directrice vun der Maison de la Porte Ouverte, Myriam Mersch-Zimmer, um Dënschdeg de Moien am RTL Interview. Si war d'Invitée vun der Redaktioun.
D'Leit kënne selwer un d'Fondatioun eruntrieden, vill Kanner zum Beispill ginn awer via d'Geriicht placéiert oder vun anere staatlechen Zerwisser. Mat all Persoun gëtt nom Accueil en individuelle Projet ausgeschafft an et gi sech Zieler gesat.
En Dënschdeg de Mëtteg gëtt zu Eech de Grondstee geluecht fir den neie Foyer Saint Joseph. Do soll an Zukunft mat männleche Jugendleche geschafft ginn.
31 Better sollen herno zu Eech zur Dispositioun stoen. D'Myriam Mersch-Zimmer hofft, datt d'Struktur an 3 Joer kann opgoen.
D'Directrice vun der Fondatioun "Maison de la Porte Ouverte" war eis Invitée vun der Redaktioun en Dënschdeg um 10 op 8.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.