Äntwert op parlamentaresch FroNach kee Fall vun Afepouken am Grand-Duché

RTL Lëtzebuerg
D'Probabilitéit, datt et esou ee Fall zu Lëtzebuerg gëtt, wier geréng, äntwert d'Ministesch Paulette Lenert der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt.
© RKI Robert Koch Institute/AFP/Archiv/Andrea MAENNEL, Andrea SCHNARTENDORFF

Bis ewell (Stand 30. Mee 2022) gouf et nach ëmmer kee Fall vun Afepouken am Land. Dat confirméiert d’LSAP-Santésministesch Paulette Lenert. D’Probabilitéit, datt et esou e Fall am Land gëtt, wier dann och geréng. Allemol misst sech awer op esou e Fall virbereet ginn.

D’Mesurë vun der Santé sinn awer kloer: notamment, datt am Fall vun enger Infektioun en Isolement vun 21 Deeg gëllt an datt all Fall vun Afepouke soll obligatoresch gemellt ginn. Weider deelt d’Ministesch mat, dat den ieweschte Rot vu den ustiechende Krankheete mat den Afepouke befaasst ass an och wäert Recommandatiounen erausginn.

Betount gëtt och nach, datt sech d’Afepouken haaptsächlech iwwer intim Kontakter iwwerdroen. D’Kränkt wier e Risk fir Leit, déi geschwächt wieren.

All dëst äntwert d’Gesondheetsministesch Lenert op eng entspriechend Fro vun der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt - d’Urgence vun der Fro war net vum Chamberpresident unerkannt ginn, an awer war d’Äntwert bannent enger Woch do.

PDF: Liest hei d'Äntwert vun der Ministesch Paulette Lenert

Back to Top
CIM LOGO