City BreakfastNach net kloer, wéi d'Verbuet ze heeschen, soll ëmgesat ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Stad Lëtzebuerg wëll d'Mendicitéit op verschiddene Plazen, notamment an der Uewerstad an op der Gare, verbidden.

Et soll nach erlaabt sinn, um Buedem ze sëtzen, mä eben net Suen ze froen. Um City Breakfast dës Woch hunn d’Journaliste nogefrot, wéi genee de Verbuet soll ëmgesat ginn. Ma dat schéngt nach onkloer. Näischt géint déi organiséiert “Banden” ze maachen, wier och keng Léisung. Dat war den Tenor e Mëttwoch um traditionelle Rendez-vous vun der Stad Lëtzebuerg. Dass mat engem generelle Verbuet net just Leit viséiert ginn, déi ënnert engem organiséierte Reseau heeschen, wier net ze verhënneren, esou d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den éischte Schäffe Serge Wilmes géigeniwwer der Presse. Et géinge parallel jo aner Servicer ginn, déi de Leit an Nout hëllefen.

D’Fro, wéi konkret de Verbuet soll ëmgesat ginn, ass e puer Mol gestallt ginn. Et steet fest, dass nëmmen d’Police kontrolléiere kann, ob eng Persoun Sue freet. Da géing d’Identitéit festgestallt an e Procès-verbal ausgestallt ginn. Doropshi koum allerdéngs d’Fro op, u wéi eng Adress de PV, also d’Geldstrof, geschéckt gëtt, wann eng Persoun op der Strooss lieft.

“Komm mir stellen déi Fro zesummen, souwuel der Police wéi der Justiz”, esou d’Äntwert vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer. D’Gemeng kéint just dat maachen, wat an hirer Hand wier. An dësem Fall e Reglement schreiwen, och wann et nach Onkloerheete ginn. Näischt maachen, wier och keng Léisung, huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer e puer Mol betount. Si huet och e puer Mol ënnerstrach, dass d’Stad Lëtzebuerg d’Offer fir Leit an Nout weider ausbaut. Et bréicht keen dobaussen ze schlofen, esou de Serge Wilmes. De Verbuet fir ze heeschen, wier en éischte Versuch, fir géint déi organiséiert Bande virzegoen. Ma och op nationalem Niveau kéinten entspriechend Mesurë geholl ginn, dofir bréicht een awer den néidege politesche Wëllen.

Bleift d’Fro, wisou jiddereen uviséiert gëtt, wann et ëm d’Bekämpfung vun organiséierter Mendicitéit geet.
A Gruppen dierf een an der Stad schonn zanter enger Rei Joren net méi heeschen. Ma dat Reglement hätt awer näischt bruecht. Et wier nämlech schwéier hannert déi organiséiert Banden ze kommen. Déi Leit hätte sech adaptéiert a géingen elo och eleng heeschen, esou nach de Serge Wilmes.

De Verbuet fir ze heeschen, soll net géint déi betraffe Leit goen, mä géint den Akt selwer. Dëse soll eng Form vu Mënschenhandel ënnerbannen, nämlech, dass Leit geziilt an d’Stad bruecht ginn, fir ze heeschen, wéi um City Breakfast erkläert gouf. Op der Strooss sëtzen, wier weiderhin erlaabt.

En anert Thema war e Mëttwoch de Moien d’Installatioun vu 24 Kameraen um Hamilius. Dofir wäert de Gemengerot an der Sëtzung vun e Méinden e positiven Avis ginn. Am Summer kéinten déi Kameraen dann en place sinn. Doriwwer eraus kréien d’Agents municipaux nei Aufgaben an intervenéieren, wann zum Beispill zu Zäiten, op deenen et net erlaabt ass, geméint gëtt. Oder wa Leit den Dreck vun hirem Hond net oprafen. Well méi Aarbecht op déi bis ewell 79 Agenten duerkënnt, wéilt een op 83 opstocken.

Back to Top
CIM LOGO