No Brand zu JonglënsterNach net kloer, wéini d'Gebailechkeete vun der Gemeng nees kënne genotzt ginn

RTL Lëtzebuerg
Aktuell ass d'Gemeng jo nees am ale Gemengenhaus an am Mee soll een op de Lënster Bierg plënneren.
© Maxime Gillen (RTL Archiv)

Nom Feier Enn Januar am Gemengenhaus vu Jonglënster steet bis ewell nach net fest, wéini d’Gebailechkeeten nees kënne genotzt ginn. Am Mee wëll een elo mol op de Lënster Bierg plënneren. Zanter enger Woch wier d’Enquête vu Police a Parquet ofgeschloss an zanterhier gëtt geraumt, seet de Lënster Buergermeeschter Ben Ries am Tageblatt.

Och am drëtte Gebai, dat u sech net vum Brand direkt betraff war, hätt ee mëttlerweil Problemer wéinst dem Läschwaasser. 36 Stonnen hat et gedauert, bis d’Feier ganz ënner Kontroll war.

Den Ament sinn d’Gemengeservicer jo provisoresch an déi al Gemeng op der Haaptkräizung geplënnert. Ugangs Mee wëll ee mat der Gemengeverwaltung an en neit Gebai an der Industriezon um Lënster Bierg eraplënneren.

Hochzäite sollen am Centre Culturel ofgehale ginn an och am Schlass zu Buerglënster. Do brauch een allerdéngs nach eng Autorisatioun vum zoustännege Ministère.

Back to Top
CIM LOGO