
Den annuellen Inflatiounstaux verléiert iwwerdeems 0,2 Punkten a geet vun 1,3% op 1,1% zeréck.
Fir den zweete Mount hannerteneen sinn d'Pëtrolsproduiten an der Hausse. Fir Masutt a fir Diesel op der Tankstell muss liicht méi bezuelt ginn, fir Bensin liicht manner. Pauschalreesen a Fluchtickete waren iwwerdeems e Stéck méi bëlleg wéi am September.
De Seuil fir déi nächst Indextranche kéint den nächste Mount depasséiert ginn.