Den nächste Méindeg ass déi 92. Editioun awer nees ganz am klassesche Sënn – bal wéi virun der Pandemie. Eng 200 Stänn sinn nees dobäi. D‘Butteker hu schonns samschdes a sonndes op.
Dëst Joer sinn nees mol nees Iess – a Gedrénksstänn dobäi. Verschidden ASBLe sinn och mat vertrueden. Speziell fir d‘Kanner ginn eng Rei Animatiounen organiséiert, esou d‘Presidentin vum Stater Geschäftsverband Mireille Rahmé.
An de Geschäfter gëllt wéi gewinnt d‘Maskeflicht an och wann d‘Distanz vun 2 Meter net kann agehale ginn. D‘Braderie geet dëst Joer iwwer 3 Deeg.
Ganz nei dobäi ass dann och d‘Paräisser Plaz, déi ass jo réischt zanter e puer Méint op. Do sinn nieft de Stänn och eng Rei Restaurateuren, déi hir Terrassen opgebaut hunn, erkläert de Stater Schäffe Serge Wilmes.
Am Kader vun der Braderie sinn och eng Rei Stroosse gespaart. D‘Buslinne fueren awer normal, dobäi kommen eng Partie Park&Riden. Méi Informatiounen zum Transport fënnt een op bus.vdl.lu.
Hei de komplette Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg als PDF!