Serie "Top Secret"Nationalarchiv: Abléck an d'Gediechtnes vun der Natioun

RTL Lëtzebuerg
Et ass eent vun de markantste Gebaier um Helleggeeschtplateau an der Stad: d'Nationalarchiv.
D'Nationalarchiv
Dës Gemaier direkt nieft der Cité Judiciaire sinn net nëmmen d'Häerzstéck vum sougenannte Gediechtnes vun der Natioun, mä bléckt op eng eege mouvementéiert Gesc

Dës Gemaier direkt nieft der Cité Judiciaire sinn net nëmmen d'Häerzstéck vum sougenannte Gediechtnes vun der Natioun, mä bléckt op eng eege mouvementéiert Geschicht zréck.

Gebaut gouf et 1860 fir militäresch Zwecker. Bis Enn den 1860er Joren war et e Krichslazarett fir déi preisesch Garnisoun. 1881 gouf et dunn zur Kasär vun der Fräiwëlleger Compagnie an nom 2. Weltkrich och vun der Arméi genotzt, iert et 1968 dunn d'Nationalarchiv an dem Gebai installéiert gouf.

Eng ganz wichteg Funktioun huet dës Institutioun bis haut fir den Erhalt an den Zougang vu souwuel ëffentleche wéi och privaten Archiven. 45 Kilometer un Dokumenter ginn op 5 verschiddene Sitte stockéiert, am Haaptgebai vum Nationalarchiv sinn et ëmmerhin 8 Kilometer. Dorënner ganz vill bedeitend schrëftlech Zäitzeie wéi Konventiounen, Traitéen a Gesetzer an och déi original Constitutioun vun 1868, déi aktuell en Vigueur ass. Dat deemools bommeséchert Gebai huet awer och en eenzegaartege Charme, vun den décke Mauere bis hin zu de verwëllefte Plaffongen, ass och de Späicher ganz speziell. Och de groussen Depot huet vill verstoppten Ecker, am Top op Secret Nationalarchiv ginn et déi impressionante Biller an Informatioune ronderëm Lëtzebuerger Nationalarchiv.

All d'Episode vun der Serie "Top Secret" fannt Dir op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO