Objeten Deel vun ExpoNationalmusée proposéiert, "Raubgut" aus Afrika zeréckzeginn

Pierre Jans
Eng nei Expo am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht um Fëschmaart beschäftegt sech mam koloniale Passé vu Lëtzebuerg.
Expo iwwer koloniale Passé vu Lëtzebuerg
Am Joer 2022 eng Spezial-Ausstellung iwwer d‘Lëtzebuerger an westleche Kolonien ze maachen, dat war keen Zoufall, wéi de Curateur Régis Moes erkläert.

Eng Kolonialmuecht war de Grand-Duché ni, mä ass et domadder scho gedoen? Esou vill sief scho verroden: Nee!

Nationalmusée proposéiert “Raubgut” aus Afrika zeréckzeginn

D’Expo weist, wéi déif de koloniale Geescht an der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis an d'1960er Joren nach eran och an der Lëtzebuerger Gesellschaft verankert war. Mä net nëmmen dat: Bei de Recherchë fir dës Spezial-Ausstellung huet d’Ekipp vum Nationalmusée och den eegenen Inventaire op de Leescht geholl an ass dobäi op problematesch Objete gestouss.

Eng Partie Waffen, Bijouen, eng grouss Tromm - Dës Objete sinn zimmlech am Ufank vun der Expo beieneen ausgestallt. Klassesch Souvenire vu Privatleit sinn et net, confirméiert de Conservateur fir Zäitgeschicht am Nationalmusée Régis Moes. 1898 koum d’Kollektioun op Lëtzebuerg a se ass problematesch.

“Haut hu mir Accès zu anere Quellen ewéi eis Virgänger dat nach virun 30-40 Joer haten. Mir hunn Accès zu Archiven am Ausland iwwer digitaliséiert Inventairen. Mir hunn du rausfonnt, dass deen Donateur – en däitsche Schëffskapitän mam Numm Spring – och a senge Memoirë geschriwwen huet, wéi en un déi Objete komm ass.”

Et kann ee sech et schonn denken. D’Objeten, déi de Grand-Duc Adolphe deemools geschenkt krut an déi iwwer Ëmweeër an der Sammlung vum Musée gelant waren, hat den Explorateur Albert Spring net einfach esou fonnt.

Den Direkter vum Nationalmusée, Michel Polfer: “Hien huet als Geograph an deem wat spéider Tansania ginn ass bei Expeditiounen deelweis och bei Gewalt-Aktiounen deelgeholl. Mir wëssen elo, dass verschidden Objeten esouguer direkt wéinst Ermuerdungen hei gelant sinn.”

“Sou dass een aus der Perspektiv vun haut wierklech déi Objete kann als Raubgut bezeechnen”, seet de Curateur Régis Moes: “Mir hunn dat dunn esouwuel dem Kulturministère wéi och eise Kolleege vum Nationalmusée am Tansania matgedeelt.”

Op eng Äntwert vun de Responsabele vum Musée zu Dar es Salaam waart een nach.

De Michel Polfer: „A wa se interesséiert un enger Restitutioun sinn, dann ass et selbstverständlech, dass déi Saachen zeréckginn.”

D’Fro ass, ob beim Nationalmusée dohannen iwwerhaapt Interessi besteet. Ëmmerhi gëtt et Tansania als Unioun eréischt zanter 1964. Do virdru waren et sëllege Stämm an dës problematesch Objete stame vun engem Häuptling, deen de Vol net iwwerlieft huet. Dat hat de Kapitän Spring selwer notéiert.

D’Expo am Nationalmusée ass bis de 6. November op.

Back to Top
CIM LOGO