Mä kann een dofir soen, dass de Grand-Duché mat Kolonialismus – also dem Besetze vu friemen Territoiren an dem Ënnerwerfe vun der indigener Populatioun – guer näischt um Hutt huet? Den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht huet Fakten gesammelt an zesummen ausgestallt, déi dës Fro kloer mat Nee beäntweren.
Am Joer 2022 eng Spezial-Ausstellung iwwer d‘Lëtzebuerger an westleche Kolonien ze maachen, dat war keen Zoufall, wéi de Curateur Régis Moes erkläert.
„Nee, well et si genee 100 Joer hir, dass d‘Belsch de Lëtzebuerger d‘Gläichstellung am belsche Kongo ginn huet. D‘Lëtzebuerger konnte du Staatsbeamten do ginn.“
An dat hu se och gemaach. Mä et waren och Ingenieuren do, Missionaren a vill Familljen. Um Héichpunkt 1957 hu bal 600 Lëtzebuerger am belsche Kongo gelieft.
D‘Lëtzebuerger an de Kolonien haten e gewëssenen Afloss op d‘Societéit doheem.
„Dat war en Elektorat, dat d‘Politiker deemools wollte fleegen. Dowéinst hu se sech positionéiert. Si hunn déi kolonial Veräiner, déi et zu Lëtzebuerg gi sinn, finanziell a moralesch ënnerstëtzt, andeems se och ganz vill op hir Evenementer gaange sinn.“
E puer kritesch Stëmme gouf et och deemools. Ëmmerhi waren d‘Inegalitéiten an de Kolonien evident. Mä an der Ëffentlechkeet vun deemools hat d‘Liewen outre-mer eppes Prestigiéises. A wirtschaftlech waren d‘Reesen dohin och interessant. Den fréiere Premierminister Pierre Dupong mat engem Glas Wäin an der Hand am belsche Kongo. D‘Foto hänkt an der Expo.
Den Nationalmusée wëll mat der Ausstellung awer net moraliséieren. Den Direkter Michel Polfer:
„Mir wëllen net de béise Fanger maachen. Mir wëllen opklären an e puer Fakten an d‘Welt bréngen. Déi weise ganz kloer, dass de Kolonialismus e Phänomen fir d‘Lëtzebuerger Populatioun war an och nach ass.“
Den zweeten Deel vun der Expo beschäftegt sech mat de Repercussioune vun der kolonialistescher Vergaangenheet op haut. Am Zentrum stinn do Temoignagen vu Mënschen, déi op déi eng oder aner Aart a Weis eng Relatioun mat deem Passé hunn. D‘Visiteure kënnen hinnen nolauschteren.
Hei zum Beispill en Extrait vum Jeannine Grisius, d‘Mamm aus dem Rwanda. De Papp vu Lëtzebuerg.
„Ech sinn also, wat een deemools „Mischling“ genannt huet. Kee schéint Wuert. Ech hu 6 Joer laang bei menger Mamm an engem afrikaneschen Duerf gelieft. Mat 6 Joer huet mäi Papp fonnt, ech misst eng europäesch Educatioun kréien. En huet mech du vu menger Mamm fort geholl.“
Deels sinn et ganz schmäerzvoll Erënnerungen.
D‘Expo leeft bis de 6. November.
Den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser hat an enger parlamentarescher Fro un d‘Kulturministesch Sam Tanson ënnert anerem gefrot, ob si géif fannen den Titel vun der Expo „Le passé colonial du Luxembourg“ wär gutt gewielt. Grad ewéi d‘Kulturministesch, invitéiert op Nofro hin och den Direkter Michel Polfer den Deputéierten, sech d‘Expo ukucken ze goen.Bei hire Recherchen fir dës Spezial-Ausstellung huet d‘Equipe vum Nationalmusée och den eegenen Inventaire op de Leescht geholl, an ass dobäi op problematesch Objeten aus Afrika gestouss.