Wann traditionell Parteien, europäesch Wäerter an de Virdergrond stellen, da priedegen se déi di schonn Iwwerzeegt sinn. Fir d’Euroskeptiker z’iwwerzeegen, muss een de Leit kloer maachen, datt d’Natiounen ouni Europa riskéiere géigeniwwer den USA a China ënnerzegoen. Dat war graff resuméiert de Message vum Sigmar Gabriel op sengem Besuch e Méindeg hei zu Lëtzebuerg. Den dätschen SPD Politiker, Deputéierten a fréiere Minister war e Méindeg Owend zesumme mam Jean Asselborn op enger Konferenz vum Institut Pierre Werner an der Abtei Neimënster.
Wéi a sengem Buch „Zeitenwende in der Weltpolitik“, plädéiert de Sigmar Gabriel dofir, datt d’EU sech onofhängeg mécht vun den USA – a Saache Wirtschaft, Politik a Militär. Leschte Samschde waren LSAP Politiker um Friddensmarsch an der Stad. Gëtt et kee Widdersproch tëscht engersäits Oprëschten a sech fir de Fridden anzesetzen? „Ich verstehe Ihre Frage nicht ganz“, äntwert den SPD Politiker. Well wann ee genee géing hikucken, da wier et „ebe grad“ Politik vu Sozialdemokraten, déi zwou Saache beienee bruecht hätt: Militäresch Stäerkt a gläichzäiteg „eng Offer zum Dialog an zur Entspanung“. Hie géing dowéinst d’Friddensdemo duerchaus berechtegt fannen.
De Sozialiste geet et – och hei am Land – aktuell net besonnesch gutt. Dem Sigmar Gabriel no wier et absolut richteg, datt Sozialdemokraten a Progressisten d’Verdeelungsfro erëm an de Mëttelpunkt stellen. „Wirtschaftleche Wuelstand, jo, dat muss onst Zil sinn, mee e muss och fair sinn a gerecht verdeelt ginn“, sou de fréiere SPD-President. Ze vill Leit géingen haart schaffen an hätten d’Gefill se hätten näischt dovunner an „déi Fro wier berechtegt“.
Aus dem Publikum koum de Constat datt de Siegmar Gabriel an de Jean Asselborn eng Stonn laang net iwwer Klima geschwat hunn. Den SPD-Politiker huet geäntwert d’Gefor vu Krich wier méi akut. Trotzdeem, Klimaschutz misst méi gemaach ginn, mee net op Laaschte vun de bescheidene Stéit.