
Accident géint 3.45 Auer um Méindeg de Moien tëscht Sandweiler an Izeg. En Automobilist war mat sengem Gefier an ee Rampli gerannt. Den 112 mellt de Moien, dass eng Persoun blesséiert gouf.
Zu Schieren an der Rue de la Gare hat géint 17.40 Auer e Sonndeg en Auto gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt.
Och op der Wämperhaart stoung kuerz no 17 Auer een Auto a Flamen. Och an dësem Fall gouf kee blesséiert.
Géint 4.15 Auer um Méindeg de Moien hat et an engem Keller an der Rue du Kiem um Weimeschhaff gebrannt. Et ass kengem eppes geschitt.