GréiwemaacherNees eng Persoun ugestouss a liicht verwonnt

RTL Lëtzebuerg
An de leschten Deeg ginn et ëmmer nees Accidenter, bei deene Leit ugestouss ginn. Sou och nees um Mëttwoch de Moien zu Gréiwemaacher op der Route du Vin.

Géint 7.35 ass eng Foussgängerin op der Héicht vun der Kräizung Route du Vin mat der Rue de la Moselle um Zebrasträifen iwwert d'Strooss gaangen. E Won, deen aus Richtung Mäertert koum, krut d'Fra ze paken, déi op de Buedem geschleidert gouf. D'Foussgängerin gouf liicht blesséiert a koum an d'Spidol.

D'Pompjeeë vu Mäertert an d'Ambulanz vu Jonglënster waren op der Plaz. Duerch den Accident koum et zu Problemer am Trafic.

Eréischt e Méindeg den Owend goufen direkt 2 Persounen ugestouss, eng zu Rodange an eng zu Bouneweg.

D'lescht Woch e Freideg gouf zu Esch eng Persoun ugestouss an hat dat net iwwerlieft.

Back to Top
CIM LOGO