CGDISNees eng Persoun ugestouss, déi Kéier an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, gouf um Méindeg de Moie géint 8.20 Auer eng Persoun an der Rue Jean Origer an der Stad ugestouss a blesséiert.

Op der Plaz waren nieft dem Samu och nach d'Stater Pompjeeën an Ambulanz.

1 Blesséierte gouf et och géint 8 Auer no engem Accident zu Miersch am Rond-point Tinnesbruch. D'Pompjeeë vu Miersch an d'Ambulanz vun Ettelbréck waren am Asaz.

Kuerz no 9 Auer ass en Automobilist tëscht Héiweng a Koler mat sengem Gefier an e Potto gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Koler an Dippech goufen an den Asaz geruff, grad ewéi d'Ambulanz vu Mamer.

Back to Top
CIM LOGO