Walprogramm vun der Stater CSVNees eng Police, déi der Gemeng ënnersteet, aféieren

RTL Lëtzebuerg
D'Stater CSV huet en Donneschdeg hire Walprogramm op der Charly's Gare virgestallt.
© Eric Ebstein / RTL

Et trieden 12 Fraen a 15 Männer un, Spëtzekandidat ass de Serge Wilmes. Mat dobäi war och den nationale Spëtzekandidat fir d’Chamberwale vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei Luc Frieden. D’Partei huet sech als Zil gesat, aus der Stad eng Plaz ze maachen, wou ee gäre lieft an zesummekënnt. Haaptthema war dowéinst d’Sécherheet. Ma och vum Logement, vum Klimaschutz a vu Mobilitéit war Rieds.

D’Sécherheet war e groussen Thema um Donneschdegmueren, virun allem, well et an der Stad an de leschte Joren zu méi Tëschefäll komm wier, seet de Serge Wilmes, Spëtzekandidat an éischte Schäffen.

“Et gesäit een et selwer, et liest een et selwer, datt och hei am Park Leit iwwerfall an agresséiert gi sinn. Mir sinn zënter Joren als Stad hannert der Regierung, fir ze soen, ‘mir brauche méi Policepresenz’. Well dat ass ee vun deene wichtegsten Elementer, méi Presenz vun der Police um Terrain, mä mir kréie se net genuch. Mir als CSV wäerten eis dofir asetzen datt mer nees eng Gemengepolice aféieren an der Police selwer eng Unitéit, déi de Gemengen ënnersteet, datt och d’Gemeng nees de Moyen huet, fir kënnen d’Police um Terrain patrulléieren ze loossen a fir méi Presenz um Terrain ze suergen.”

A puncto Logement wéilt ee sech och weiderhi beméien, fir abordabele Wunnraum op Terrainen, déi der Gemeng gehéieren, ze amenagéieren.

D’Stad Lëtzebuerg selwer huet scho vill Wunnenge gebaut, déi abordabel sinn, a si wäert an de nächste Joren nach Honnerten, wann net Dausender bäibauen. E grousse Projet ass den Ament d’Porte de Hollerich. Dat mécht d’Stad als Acteur, wat awer onbedéngt muss kommen, dat ass, datt déi Prozedure musse méi séier gemaach ginn. Etdauert haut ze laang, fir kënnen ze bauen, a wat et méi laang dauert, wat erëm méi Leit bäikomm sinn an da komme mer net wierklech weider.”

Gebaier a Wunnengen an ëffentlecher Hand sollen dann och esou gebaut ginn, dass se sou wéineg wéi méiglech Energie verbrauchen a mat erneierbarer Energie kënne versuergt ginn.

Iwwerdeems huet sech d’Stater CSV als Zil gesat, datt d’Haaptstad bis 2040 soll klimaneutral ginn. Dofir misst ënner anerem den Tramsreseau weider ausgebaut ginn a sécher Fouss- a Vëlosweeër amenagéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO