An do leeft näischt ouni d'Sebes. Zoustänneg ass d'Anlag zu Esch-Sauer. Ma déi kënnt esou lues an d'Joren, si ass zanter 1969 a Betrib. An dofir gëtt aktuell op engem neie Site eng nei Anlag gebaut.
Hei zu Eschduerf, direkt nieft dem Footballterrain gëtt déi nei Drénkwaasser-Anlag vun der Sebes gebaut. Am Mee 2017 hunn d'Aarbechten ugefaangen. Am Fréijoer 2021 soll en éischten Deel vum neie Site operationell sinn.
Dës nei Anlag ass bluttnoutwenneg. D'Consommatioun un Drénkwaasser klëmmt nämlech regelméisseg. D'Anlag ka spéider 110.000 Kubikmeter Drénkwaasser pro Dag opbereeden. Déi 70 Mataarbechter vun der Sebes schaffen an 2 Joer dann all zu Eschduerf. Och eng nei Pompelstatioun ass am Bau. Vun der Staumauer aus ginn nei Réier geluecht.
Hei am Land géifen et nach Quelle mat Waasser ginn, déi wéint ze vill Knascht net kéinte genotzt ginn. Dëst wär Drénkwaasser fir eng 75.000 Awunner. Eng 166 Milliounen Euro wäert déi nei Sebes-Anlag zu Eschduerf kaschten.
