StatecNei Chifferen zu Lëtzebuerger Entreprisë verëffentlecht

RTL Lëtzebuerg
2021 goufen et 41.000 Entreprisen zu Lëtzebuerg, dorënner 35.000 net am Finanzsecteur, dat schreift de Statec en Dënschdeg an enger neier Publikatioun.
© AFP

Statec Chifferen Entreprisë / Reportage Fanny Kinsch

Dora ginn d’Betriber hei am Land an hir Aktivitéite genee ënnert d’Lupp geholl. Am meeschten Entreprisë ginn et an de spezialiséierten Aktivitéiten, wéi zum Beispill Comptabel-, Architekten- oder Ingenieursbüroen. An dëse Betriber schaffen am véiert-meeschte Leit, op de Plazen 1-3 sinn de Commerce, de Bau an de Finanz- an Assurancësecteur. An der Industrie ginn et manner, dofir awer méi grouss Betriber, déi och 10% vun de Leit hei am Land beschäftegen.

Am éischte Covid-19-Joer 2020 goufe souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Rescht vun der Eurozon vill manner nei Entreprisen ugemellt, vun 2021 u schéngt déi Zuel awer zu Lëtzebuerg nees méi séier geklommen ze sinn.

Wat den Aussenhandel ugeet, dominéiere souwuel beim Export wéi och beim Import hallef fäerdeg Wuere wéi Produite fir d’Industrie oder Sprit. De meeschten Handel iwwert d’Grenzen ewech geschitt bannent der EU.

Trotz Mobilitéits-Primmen ass den Import vu Vëloen 2021 erofgaangen, dat léich u Problemer bei de Liwwerketten, esou de Statec. Den Import vun Elektrovëloen ass verhältnisméisseg geklommen, déi motoriséiert Vëloe maachen elo méi wéi e Fënneftel vun den Importer aus.

2021 hunn d’Camione fir den Transport vu Marchandisë 609 Millioune Kilometer zréckgeluecht, déi längsten Distanz zanter 2018.

Zejoert goufe 44.372 nei Autoen immatrikuléiert, 2% manner wéi 2020. Déi am stäerkste vertruede Marke ware Volkswagen, BMW a Mercedes. A fir d’éischte Kéier goufe méi Hybriden ugemellt wéi Dieselen. Den Ënnerscheed louch bei engem Prozentpunkt, dës zwou Zorte vu Motorisatioun maachen elo all Kéier ronn e Véierel vun den neien Immatrikulatiounen aus.

Nach e Bléck op de Bau an de Logement: Op d’Baugeneemegunge gouf et keen Impakt duerch d’Covid-19-Kris, déi si vun 2020 op 2021 ëm 10% op knapp 3.000 geklommen. Dobäi fält de Residentiell ëmmer méi an d’Gewiicht a besonnesch bei den Appartementer sinn d’Autorisatiounen an d’Luucht gaangen. Déi meeschte Baugeneemegunge goufen an der Stad Lëtzebuerg an an de Kantonen am Süden an am Zentrum ausgestallt.

All dës an nach weider Chiffere liwwert de Statec en Dënschdeg an enger neier Publikatioun iwwert d’Entreprisen zu Lëtzebuerg.

PDF: Offiziellt Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO