D’Aarbechte fir eng eenzeg Steierklass hunn ugefaange. D’Reform, déi laut Koalitiounsaccord op eng „Individual Besteierung“ ausleeft an een neien eenzege Barème virgesäit, soll jo zäitgeméiss a gerecht sinn. Zil wier eng steierlech Neutralitéit, onofhängeg dovun, ob eng Persoun bestuet ass oder net.
Eisen Informatiounen no goufen am Finanzministère Aarbechtsgruppen op d’Bee gesat, déi zesumme mat de betraffene Verwaltungen d’Reform preparéieren. Aarbechtsgruppen, déi, wéi et heescht, éischter dacks zesummekommen.
Vue déi extrem technesch Komplexitéit vun esou enger Reform, wäert se awer laang daueren. Equivalent Reformen am Ausland géinge gär Mol 4 bis 5 Joer daueren.
4 Méint no der Regierungsbildung wier et nach vill ze fréi, fir ze soen, ob nach politesch Arbitragen oder Decisioune musse geholl ginn.