Parlamentaresch FroNei Fluchroute vum Findel suergt fir méi Kaméidi am Oste vum Fluchhafen

RTL Lëtzebuerg
Déi nei Startprozedur um Lux-Airport huet misste wéinst Sécherheetsmesuren am Loftraum iwwert dem Saarland decidéiert ginn, esou de Minister Bausch.
© David Steichen (Archiv)

Fir verschidden Nopeschgemenge vum Findel bleift de Kaméidi vum Fluchverkéier e Probleem: et gëtt zanter enger Zäit nämlech eng nei Fluchroute fir Fligeren, déi a Richtung Süde starten. Wéinst der neier Prozedur, déi d’ANA decidéiert huet, fléien d’Maschinnen iwwer méi Uertschaften ëstlech vum Fluchhafen.

Dat bréngt mat sech, datt och méi Leit vum Fligerkaméidi betraff sinn an dat trotz dem Fakt, datt déi minimal Fluchhéicht vun 1.700 op 2.200 Fouss eropgesat gouf.

Dës Informatioune vum DP-Deputéierten-Duo Hahn a Lamberty confirméiert de Mobilitéitsminister François Bausch a preziséiert, datt déi nei Start-Prozeduren decidéiert goufen, duerch Sécherheetsmesuren, déi wéinst dem militäresche Fluchraum iwwer dem Saarland hu misste geholl ginn.

Hei ass eng gespaarten Zon, wou ënner anerem amerikanesch Militärmaschinnen hir Trainingszon hunn.

Fir de Findel gëllt domat also eng adaptéiert Startprozedur an Direktioun Süden. D’Probleemer vum Kaméidi sinn domadder awer net verschwonnen. Wéi de Minister schreift, géif zesumme mat der ANA gekuckt ginn, fir déi gefuerdert Fluchhéicht vun de Maschinnen nach weider an d’Luucht ze setzen.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO