Institut Luxembourgeois de RégulationNei Plattform fir Risken an der Telekommunikatioun ze analyséieren

RTL Lëtzebuerg
Den ILR huet am Juli eng Plattform lancéiert, déi Riske fir Telekommunikatiouns-Operateuren analyséiert: SERIMA, Security Risk Management.
© ILR

D'Plattform gouf vun I.R.I.S. Financial Services a Kollaboratioun mam LIST, Luxembourg Institute of Science and Technology, kreéiert. Méi spéit gëtt se och fir d'Energie-, Transport- a Gesondheetssecteure benotzt.

Se gouf am Kader vun der "Loi NIS" konzipéiert, bei där et ëm d'Sécherheet vun den Informationsreseaue geet.

Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO