Gemengesyndikat SIGINei Presidence soll Mëssstänn behiewen

Maxime Gillen
Nom neie President virun zwou Wochen huet de Sigi elo och en neie Vizepresident.

Beim Gemengesyndikat fir den Informatiksystem iwwerhuelen deemno op d’mannst un der Spëtzt nei Leit. Zejoert ware jo e sëllege Mëssstänn beim Sigi vu Reporter.lu opgedeckt ginn. Eng Rei Auditten, déi doropshi gemaach goufen, hunn dës Reprochë confirméiert, esou dass elo éischt Konsequenze gezu goufen.

Rieds geet doran ënnert anerem vun Ongereimtheete bei der Finanz- a Personalgestioun. Och d’Clienten, dat heescht gréisstendeels d’Gemengen, waren net zefridden, mat deem wat de Sigi u Service geliwwert huet. Deels stinn esouguer Reprochë vu sexueller Belästegung a Mobbing am Raum.

De President vum Conseil vum Sigi, Yves Wengler, hat ofgestridden vun de Probleemer gewosst ze hunn, huet awer Enn Mäerz no 20 Joer op deem Posten demissionéiert. Seng Plaz huet de Philippe Meyers, LSAP-Schäffen aus der Dippecher Gemeng, iwwerholl.

Bei der Reunioun vum Conseil vum Sigi virun zwou Wochen hat de Vizepresident Nico Jacobs e Mësstrauensvott net iwwerstanen. Elo ass decidéiert ginn, dass de Guy Breden, CSV-Conseiller an der Gemeng Kielen, dee Poste soll iwwerhuelen.

Dem Direkter Carlo Gambucci seng Demande kënnen an d’Pensioun ze goen, gouf accordéiert. Zanter der Publikatioun vun de Reprochen zejoert war hie krank geschriwwen. Elo profitéiert hie vun de Stonnen op sengem Zäitspuerkont, fir net méi mussen zeréck ze kommen, ier hien nächst Joer am Mee offiziell an d’Pensioun geet. Ob hien disziplinaresch Suitten ze fäerten huet, steet iwwerdeems nach net fest, esou de President Philippe Meyers op eis Nofro.

De Büro vum Sigi huet de ganzen Dossier mat den opgedeckte Mëssstänn leschten Dënschdeg un de Parquet weiderginn. Et ass deemno méiglech, dass déi ganz Affär och nach juristesch Suitte kritt.

Dem Personalchef, Frank Vernier, ass gekënnegt ginn. Déi Plaz wäert elo nei ausgeschriwwe ginn.

Genee wéi déi vum Direkter. Ma well dee jo offiziell eréischt nächst Joer an d’Pensioun geet, soll en Attaché à la direction agestallt ginn, deen de facto d’Direktiounsfunktiounen iwwerhëlt.

De Büro war sech dann och nach dat aalt Gebai vum Sigi ukucken. Dat war ze kleng ginn, dofir gëtt aktuell méi e grousst Gebai gelount. Ma well de PAG vun der Gemeng antëscht geännert huet, wier et eventuell méiglech dat aalt Gebai ze vergréisseren. Well dat dem Sigi gehéiert, kéinten esou vill Sue gespuert ginn.

No de Gemengewalen am Juni wäert e ganz neie Comité vum Sigi gewielt ginn. Dat wier awer eng länger Prozedur, esou dass een domat fréistens Enn des Joers kéint rechnen, esou de Philippe Meyers.

Eng vun den nächsten Aufgabe vun der neie Spëtzt wier et déi nei geschaafte Commission microinformatique, also eng Zort Task Force aus Gemengeninformatiker a Clientsvertrieder, mat Liewen ze fëllen. Ma virun allem wëllen de Philippe Meyers a seng Ekipp vum Büro elo mol alles maachen, fir d’Vertraue vun de Gemengen zeréckzegewannen.

Back to Top
CIM LOGO