
An e Réck- an Ausbléck huet e Mëttwoch den Owend och de President vum Staatsrot, de Christophe Schiltz, gemaach. D’Traditioun vun hirer Neijoerschreceptioun gouf eréischt 2020 agefouert an huet du pandemiebedéngt direkt zwee Joer Paus misse maachen.
Nieft dem Impakt, deen d’Pandemie op d’Aarbecht vum Conseil d’Etat hat, ass de President awer och op déi nei Verfassung agaangen, déi am Summer a Kraaft trëtt. De Christophe Schiltz huet dës gutt a wichteg genannt, mee och do iwwert den Impakt op hir Aarbecht geschwat:
“Se wäert d’Aarbecht vum Staatsrot net ëmmer méi einfach maachen. Et wäert net onbedéngt zu manner Oppositions formelles oder manner Annoncë vun der Dispense vum zweete Vott suergen. Virun allem de verstäerkten Accent op d’Analys vun der Proportionalitéit vun Mesuren, op déi souwuel déi nei Verfassung wéi och d’Jurisprudenz vun der Cour constitutionel e grousse Wäert leet, wäert d’Aarbecht vum Staatsrot beaflossen an net onbedéngt vereinfachen.”
Duerch d’Pandemie wieren d’Avise vum Staatsrot vill méi séier formuléiert ginn an dat wéilt een och an Zukunft weiderféieren. Dofir wieren intern eng Partie Reforme gemaach ginn, déi elo sou lues géife gräifen, huet de President vum Conseil d’Etat nach betount. Donieft wier eng Spezialkommissioun kreéiert ginn, fir spezifesch Sujeten ze traitéieren an domat aner Kommissioune bannent dem Staatsrot ze entlaaschten.