SpuerkeessNeie Generaldirekter Benoît Elvinger offiziell presentéiert ginn

Maxime Gillen
Vum 1. Oktober un iwwerhëlt hien de Poste vun der Françoise Thoma.
De Benoît Elvinger ass en Dënschdeg de Moien offiziell als neie Generaldirekter vun der Spuerkeess virgestallt ginn.
© Spuerkeess

D‘Spuerkeess huet dësen Dënschdeg den neie Generaldirekter Benoît Elvinger offiziell presentéiert. Hien huet den 1. August bei der Spuerkeess ugefaangen a konnt sech deemno zwee Méint aschaffen, ier hien elo den 1. Oktober offiziell de Posten als Generaldirekter vun der Spuerkeess iwwerhëlt.

Domat iwwerhëlt hien d‘Successioun vun der Françoise Thoma, déi jo am November zejoert hire Récktrëtt annoncéiert hat. Si stoung zanter 2016 un der Spëtzt vun der Bank. Dës Demissioun wier Deel vun engem allgemenge Generatiounswiessel un der Spëtzt vun der Bank a keng Konsequenz vun der Caritas-Affär, huet de President vum Verwaltungsrot Camille Fohl nach betount. D‘Françoise Thoma wäert der Bank als strategesch Beroderin vum Verwaltungsrot erhale bleiwen.

Status quo, ma och neie Strategieprogramm

Seng Aarbecht wier et net, d'Richtung ze änneren. Seng Aarbecht wier et, d'Bank méi séier un d'Zil ze féieren, esou den neie Generaldirekter vun der Spuerkeess. D'Direktioun hat de leschten November en ambitiéise Strategieprogramm an d'Weeër geleet an de Benoît Elvinger sot, hie géif voll a ganz do derhannert stoen. Mat allen Innovatioune soll de Client awer net musse wielen tëscht der Vitess vun der App an dem Kontakt vun engem Beroder. Op eng konkreet Zuel vun Agencë wollt hie sech awer och net festleeën.

"Wat ech awer ka soen, dat ass, datt mer weiderhi wäerten an eis Agencen investéieren. Ech mengen e gutt Beispill ass déi nei Agence um Kierchbierg. Mer wäerten dat weiderhi maachen, fir datt mer méiglechst vill Servicer an den Agencë kënnen ubidden an eng komplett Pallett do hu fir eis Clienten. Also dat ass fir mech méi wichteg wéi elo just eng einfach Zuel."

© Raphaëlle Dickes

PDF: Notice Biographique - Monsieur Benoît Elvinger

Back to Top
CIM LOGO