
All Joer ginn 23 Millioune Persoune krank duerch kontaminéiert Liewensmëttel, mam Resultat dass ronn 5.000 Leit dorunner stierwen a 400.000 e liewelaang gesondheetlech Problemer hunn.
Zu Lëtzebuerg ginn et all Joer ëm déi 800 Hospitalisatioune wéinst Salmonellen oder Campylobacterien eleng, awer keng Doudesfäll. Déi Zuelen huet den neie Kommissär fir Liewensmëttelsécherheet Patrick Hau ervirgestrach.
De Kommissär, deen am neie Konsumenteschutzministère ënnerbruecht ass, soll d'Koordinatioun tëschent deene verschiddenen Administratiounen, déi fir d'Liewensmëttelsécherheet zoustänneg sinn, verbesseren.
Bis elo sinn déi nämlech zum Deel beim Gesondheetsministère an zum Deel beim Landwirtschaftsministère. D'Schafe vum neie Kommissariat ass en éischte Schrëtt a Richtung Administration unique. Zanter dem éischte Mäerz ass de Patrick Hau Kommissär fir Liewensmëttelsécherheet. Déi verschidden zoustänneg Administratioune géifen hir eege Kontrollen duerchféieren, esou de Patrick Hau.
„De But vum Kommissariat ass eben, fir sécher ze stellen, datt dat harmonesch ofleeft. Dat heescht, datt net deen een eng Kontroll dës Woch mécht, deen nächsten eng Kontroll déi aner Woch an datt dann zum Deel déi selwecht Kritäre kontrolléiert ginn an dann och nach zum Deel mat anere Moossstief.“

Doriwwer eraus ass de Kommissariat och zoustänneg fir d’Formatiounen, fir d’Kommunikatioun mat den internationalen Instanzen an och fir d’Informatioun vun de Bierger. An Zukunft sollen d’Resultater vun de Liewensmëttelkontrollen, a Restauranten, op Bauerenhäff a bei anere Betriber, publizéiert ginn.
„Dat ka schonn nach e bëssen daueren, well et muss nach e Reglement Grand-Ducal gemaach ginn, dee genau definéiert, wéi d'Modalitéite sinn. An et mussen och nach eng Rei technesch Moyenen an d'Plaz gesat ginn. Ech hat virdru vun der Base données unique geschwat, bon mir schwätze vun e puer dausend Kontrollen am Joer, dat kann een net méi mat der Hand geréieren. Dat heescht deen informateschen Tool, dee mer do brauchen, muss emol nach developpéiert ginn.“
E weidert Zil vum Kommissariat fir Liewensmëttelsécherheet ass d’Lutte géint d’Fraude. Zu Lëtzebuerg géif et zwar wéineg Fäll vun organiséiertem Bedruch ginn, esou de Patrick Hau…
„Mir hunn awer vill Fäll, an deene Leit sech net un d'Reegelen halen, well se et da vläicht net genau wëssen. Dat ass eben och, d'Kontrollen, déi duerchgefouert ginn, déi sécher stellen, datt dat da korrigéiert gëtt.“
Am Kommissariat fir Liewensmëttelsécherheet schaffen den Ament véier Persounen, et kennt nach eng Juristin dobäi. De Kommissariat, d’Sécurité alimentaire vun der Santé an d'Veterinärsinspektioun si mëttlerweil och am selwechte Gebai, et wier ee schonn aktiv am Gaangen, d’Administration unique ze preparéieren.