
Nodeems d'Belle Etoile am Juli 1974 hir Dieren eng éischte Kéier opgemaach huet, gouf et eng éischt kleng Erneierung 2013, bei der Ouverture vun der neier Enceinte. Deemno ass et héich Zäit ginn, fir e komplett neie Look. Net just de Logo gouf nei ausgeschafft, och de Slogan, de Magasinn an den Internetsite goufen erneiert, respektiv moderniséiert.