
Den 1. Mee trëtt den neien Deontologiecode fir Ministeren a Kraaft. Parallel dozou gëtt de Grand-Duché sech eng éischte Kéier och e Verhalenskodex fir héich Beamten, deen an de grousse Linnen deem vun de Regierungsmemberen entsprécht. Kriticken an deem Hibléck gouf et vum Staategrupp vum Conseil de l’Europe géint Korruptioun, ëmmerhi géifen dës Persounen duerch hir Funktiounen e groussen Afloss op d’Politik vum Ministeren huelen, fir dee se schaffen.
Kollegialitéit, géigesäitege Respekt, am Déngscht vun alle Bierger sinn, Integritéit, keen Eegennotzen, Transparenz, Gewëssenhaft, Éierlechkeet an Onparteigkeet. Déi grouss Uspréch stinn direkt am éischten Artikel vum groussherzoglechen Arrêté. Virun hirer Nominatioun mussen déi zukünfteg Regierungsmemberen all déi remuneréiert Aktivitéiten an den 10 Joer virun hirer Nominatioun bekannt ginn.Donieft soll et een Abléck ginn an d’berufflech Aktivitéiten vum Partner. Och Aktien, finanziell Bedeelegungen oder Placementsfonge mussen op den Dësch kommen. Immobilië wäerten och elo mussen deklaréiert ginn, wa se net vu Familljemembere genotzt ginn. Idem Scholde vu méi wéi 100.000 Euro, ausser Hypothéiken op d’Haaptwunneng vum Regierungsmember.Nei ass am Minister-Deontologiecode, datt d’Regierung elo e Regëster vun den Entrevue féiere muss, déi Regierungsmembere mat Interessensvertrieder an anere Leit féieren. Dee Regëster ass och ëffentlech um Regierungsinternetsite anzegesinn. Nieft dem Numm, muss hei och opgelëscht ginn, wéi eng Positioun d’Interessensvertrieder vertrueden hunn an ëm wéi eng Gesetzprojeten a Reglementer et gaangen ass.Brisant ass jo ëmmer, wa fréier Regierungsmemberen no hirer Zäit als Minister an d’Privatwirtschaft wiessele wëllen, wéi een nach rezent op en Neits um Beispill Etienne Schneider a Jeannot Krecké gesinn huet. Op deem Punkt kritt den Ethikcomité, dee fir d’Kontroll vun den Deontologiesreegelen zoustänneg ass, méi Moyenen. Bis elo huet e Minister just missen de Premier informéieren, deen den Ethikcomité saiséiert huet an dee Comité huet just en Avis formuléiert an den Ex-Regierungsmember war fräi dorausser ze maachen, wat e wollt.
Am neien Deontologieskodex ass elo virgesinn, dass den Ethikcomité dem concernéierte Politiker recommandéiere kann, wärend den éischten zwee Joer net der geplangter Aktivitéit nozegoen, wann et sech ëm en Interessenskonflikt handelt. Beim Risiko vun engem Interessenskonflikt forméiert den Ethikcomité Recommandatiounen, fir déi nei Tätegkeet wärend zwee Joer z’encadréieren. Respektéiert de Minister den Avis net, kann d’Kommissioun hiren Avis ganz oder en Deel dovunner publizéieren.
De nouvelles règles déontologiques pour les ministres et les conseillers adjoints au gouvernement (24.03.2022) | |
| |
| |
Le gouvernement s’est doté d’un nouveau «Code de déontologie des membres du Gouvernement» ainsi que d’un «Code de déontologie pour les conseillers adjoints au Gouvernement» dont les règles s’inspirent de celles applicables aux ministres. L’adoption de ces deux Codes de déontologie pour les hautes fonctions de l’exécutif s’inscrit dans le contexte de la procédure d’évaluation du GRECO, le Groupe d’États contre la corruption, l’organe anti-corruption du Conseil de l’Europe et vise à répondre aux recommandations formulées par le GRECO qui touchent au gouvernement et à ses conseillers lors du rapport d’évaluation du 5e cycle «Prévention de la corruption et promotion de l’intégrité au sein des gouvernements centraux (hautes fonctions de l’exécutif) et des services répressifs». Le nouveau «Code de déontologie des membres du Gouvernement» qui reprend la substance de celui de 2014[1] innove par toute une série de nouvelles règles axées tant sur la sensibilisation (formation à l’intégrité), sur le renforcement des obligations de déclaration avant la prise de mandat, sur la transparence des entrevues avec des lobbyistes ainsi que sur le cadre applicable à la sortie de mandat. Enfin, le rôle du comité d’éthique est renforcé en ce qui concerne le contrôle des règles déontologiques s’imposant aux ministres et aux conseillers adjoints au gouvernement.
[1] Arrêté grand-ducal modifié du 14 novembre 2014 fixant les règles déontologiques des membres du gouvernement et leurs devoirs et droits dans l’exercice de la fonction. |