Esou zouversiichtlech war den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel e Freideg de Mëtteg op der Bilanspressekonferenz vu senger Partei. Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo sot sengersäits, d'Chamber géing e Méindeg de Moien och zesummekommen, fir déi nächst Schrëtt ze decidéieren. Dat en Funktioun vun deem, wat d'Regierung e Sonndeg ukënnegt.
Zanter den Etat de Crise eriwwer ass, sinn d’Chamber an de Staatsrot an der Gestioun vun der Kris, respektiv am Decisiounsprozess mat dobäi. Vu, datt d’Covid-Gesetzer awer ëmmer Woche brauchen an d'Zuelen all Dag änneren, sinn d’Dispositiounen am Gesetz vun haut op muer net méi "up to date". De Georges Engel gesäit dat och esou, mee hie mengt, datt "punktuell Ännerungen" séier kéinten ënnerholl ginn.
Wat d'Hëllef fir d'Ekonomie an den Impakt op d'Staatsfinanzen ugeet, sot den LSAP-Fraktiounschef, et wier keen am Reen stoe gelooss ginn, allerdéngs wier den Impakt op d’Konte vum Staat net fir "Hurrah" ze jäizen. Ob dann d'Steierreform oder d'Indexéierung vum Kannergeld doduerch a Fro gestallt sinn? Et wier nach ze fréi fir ze soen, mee seng Partei géing dat sécher net bremsen, sou de Georges Engel.
Ofwaarde wëll d’LSAP Fraktioun folgend Dossieren net: d'Faillitërecht, den Aktiounsplang fir d'Chancegläichheet an d'Verfassungsreform. An d'LSAP wëll och an der Schoulpolitik matschwätzen. Prioritär wieren och de nationale Klimaplang an eng nei Wirtschaftspolitik a Funktioun dovunner, sou wéi de Logement an d'Opwäertung vun de Santésberuffer.
A Punkto Bilan war de Fazit: d'LSAP huet d’Coronakris besser geréiert, ewéi wann d’Oppositioun um Rudder gewiescht wier, och wann net alles perfekt war. Op d'mannst wier een ëmmer riicht bliwwe beim Confinement an Deconfinement.