KonsumenteschutzNeit Gesetz soll d'Méiglechkeet vun enger Sammelklo beinhalten

RTL Lëtzebuerg
Am Konsumenteschutz-Ministère huet een e Mëttwoch zréckgebléckt op dat, wat d’läscht Joer geleescht gouf an et gouf och en Ausbléck op 2020 gemaach.
© RTL Archiv

Déi zoustänneg Ministesch Paulette Lenert sot, datt de Schwéierpunkten op der Liewensmëttelsécherheet soll leien. D’Kompetenzen sollen konzentréiert ginn, an Zukunft soll eng Administration unique sech ëm all d'Kontrollen këmmeren, déi mat der Securité alimentaire zesummenhänken. Dësen Gesetzesprojet war e Mëttwoch de Moien Thema am Regierungsrot.

Neit Gesetz gesäit d'Méiglechkeet vun enger Sammelklo fir
Am Konsumenteschutz-Ministère huet een e Mëttwoch zréckgebléckt op dat, wat d’läscht Joer geleescht gouf an et gouf och en Ausbléck op 2020 gemaach.

Do dernieft soll d'Méiglechkeet vun der sougenannter Sammelklo agefouert ginn, seet d‘ Ministesch fir de Konsumenteschutz Paulette Lenert.

Sammelklo - Paulette Lenert

Lëtzebuerg wier nach eent vu just 8 europäeschen Länner, wou esou eng Sammelklo aktuell net méiglech ass. Dat neit Gesetz soll dat elo änneren.

Back to Top
CIM LOGO