
4 Fürerschäiner goufen am Kader vun Alkoholkontrollen agezunn. D’Police hat e Freidegowend tëschent 23 Auer an Hallefnuecht op der Route de Remich zu Mutfert insgesamt 160 Chauffere kontrolléiert, woubäi den Test bei 7 Fuerer positiv ausgefall ass. De Permis op der Plaz ofgeholl, kruten der dovunner 3.
Bal zäitgläich goufen och Kontrollen op dräi verschiddene Plazen an der Stad bei insgesamt 107 Chaufferen duerchgefouert, vun deenen der 5 positiv waren, allerdéngs nëmmen ee säi Fürerschäin ofgeholl krut.
Tëschent 0.30 Auer an 1.30 Auer gouf et dann och eng Kontroll zu Fëlschdref mat 30 Kontrolléierten an zwee positive Resultater, hei gouf awer kee Fürerschäin agezunn.
Alkohol um Steier huet anerwäerts allerdéngs och fir Accidenter gesuergt: Zu Monnerech ass beispillsweis e Samschdegmoie géint 4.30 Auer en Auto an e Bam gerannt. De Chauffer konnt sech eleng aus dem Gefier befreien, dëst huet kuerz duerno Feier gefaangen.
Kuerz duerno, géint 5 Auer, ass zu Réiden e weidert Gefier géint e Bam geknuppt. De Chauffer koum mat liichte Blessuren an d’Spidol.
Am Stater Quartier Eech koum et kuerz no Hallfnuecht zu enger Kollisioun tëchent engem Auto mat enger geparkter Camionnette a géint 2 Auer huet d’Police um CR121 en Auto an engem Gruef entdeckt. D’Fuererin ass hannert dem Volant ageschlof.
An alle 4 Fäll haten d’Chaufferen ze vill gedronk a si missten hir Permisen ofginn.
E weidere Fürerschäi gouf da géint 2.30 op der Route de Luxembourg an der Stad agezunn. Och hei ass en Alkoholtest positiv ausgefall.