Buerschent, Noumer, Stadbriedemes, Viichten, Wanseler a Weiler zum Tuer. Dat sinn déi sechs Majorzgemengen, an deene Stand vum 18. Abrëll scho kloer ass, dass manner oder grad esou vill Kandidate sech presentéieren ewéi déi néng Plazen am Gemengerot. Wie sech opgestallt huet, ass gewielt och ganz ouni Stëmme vun der Wieler. Wie gëtt also Buergermeeschter a Schäffen a firwat hunn iwwerhaapt an deene Gemengen net genuch Leit kandidéiert?
Stadbriedemes op der Musel. De Marco Albert geet net méi an d’Gemengewalen. No 18 Joer als Schäffen a Buergermeeschter wollt hie Plaz maache fir eng nei Ekipp. Dass se sou nei géif ginn, domat hat hien net gerechent. Just een aus dem aktuelle Gemengerot huet kandidéiert.
“Et ass natierlech iwwerraschend, dass sech ganz wéineg Leit aus dem aktuelle Conseil nach gemellt hunn. Op der anerer Säit ass et awer och gutt, wann een néng Leit huet, déi da vu sech aus kommen, an dann déi néideg Iwwerzeegung matbréngen.”
Néng Persounen, keng méi. Déi dierfen elo ënnert sech ausmaachen, wie Buergermeeschter a wie Schäffen gëtt a wie Conseiller bleift.
“Ech war jo selwer schonn an deem Zenario dran. Dat war awer meeschtens esou, dass een zesummen e Konsens fonnt huet, erkläert de Marco Albert.
Soss misst intern ofgestëmmt ginn. Déi erfuere Gemengeresponsabel preparéieren deem neie Conseil vun den Uertschafte Stadbriedemes a Greiweldeng och en Dossier mat den aktuelle Projeten.
Zu Weiler zum Tuer wëll de Vincent Reding Buergermeeschter bleiwen. Sechs aktuell Gemengerotsmembere verlängeren och. Dräi kommen der nei an d’Ekipp nom 11. Juni. Buergermeeschterposten an déi vun de Schäffe ginn och hei intern verginn. Un der Unzuel vu Stëmme kann een d’Decisioun net festmaachen. Dat bedauert de Vincent Reding: “Ech perséinlech hätt gäre gewielt, well een dann iwwerhaapt déi Legitimitéit huet, fir en Amt unzehuelen an déi ganz grouss Responsabilitéit ze hunn, fir d’Gemeng dann och ze leeden.”
Dobäi wär et zu Weiler zum Tuer net evident gewiescht, fir iwwerhaapt néng Leit ze fannen, déi sech déi zäitopwänneg Responsabilitéit wëllen undoen.
“Do misst d’Walgesetz reforméiert ginn, fir dass sech och méi Leit mellen a mir net an esou eng Situatioun kommen. Et ginn ëmmer méi Beruffer, wou et eng Incompatibilitéit gëtt: do kann a soll ee sech net fir d’Walen opstellen, well een d’Amt net kann unhuelen.”
De Vincent Reding ass iwwerzeegt: D’Poste vum Buergermeeschter an de Schäffe misste professionaliséiert ginn.