„Mir sinn net onbedéngt immens frou iwwert déi Hausse. Mer respektéieren de Wëllen vun der Regierung, mä et muss ee wëssen, datt dat fir de Sekteur net onbedéngt ideal ass.“ Dat sot de Romain Hoffmann als eisen Invité vun der Redaktioun.
De President vum Groupement Pétrolier reagéiert op déi annonçéiert Hausse vun den Accisen um Bensin (ee Cent) an um Diesel (zwee Cent) op den 1. Mee.
Virun allem bei den Akzisen um Diesel wier een da méi deier wéi beispillsweis an der Belsch, wat duerchaus en negativen Effekt op den nationale Marché kéint hunn. D’Gewunnechte vun de professionelle Cliente riskéieren also sech z'änneren. Dat wier ëmsou méi erstaunlech, well d’Regierung jo am Gaangen wier, Lëtzebuerg als e Logistik-Standuert ëmmer méi ze promouvéieren an auszebauen. Ëm wéi vill genee, d‘Vente vum Sprit riskéiert zeréckzegoen, dat wier fir de Romain Hoffmann ganz schwiereg virauszesoen.
D’Zuel vun enger Perte vun 100 Millioune Liter pro Joer, déi den Douanes-Direkter evoquéiert hat, wier duerchaus méiglech, wann net souguer méi. Domadder géifen dem Staat och vill Recetten op den Akzise verluer goen. De Pëtrols-Secteur bréngt dem Staat awer pro Joer ëmmerhin iwwert dee Wee gutt 2 Milliarden € eran.
E Mëttwoch de Moie war de President vum Groupement Pétrolier den Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.