Liichtmëssdag a Corona-ZäitenNet verbuede liichten ze goen, Educatiounsministère huet Recommandatiounen

Isabelle Henschen
Wéi all Joer ass den 2. Februar Liichtmëssdag, den Dag, op deem d'Kanner mat hire Liichtebengelcher vun Dier zu Dier ginn.

Dierf een dat dann och dëst Joer a Corona-Zäite maachen? Offiziell verbueden ass et net, ma den Educatiounsministère huet de Schouldirektiounen hei am Grand-Duché awer Recommandatioune geschéckt, déi d'Enseignantë sollen un d'Kanner weiderginn.

An de Klasse soll thematiséiert ginn, datt et wéinst der aktueller Situatioun net indiquéiert ass, mat der Klass oder a grousse Gruppe mat Kanner aus verschiddene Stied liichten ze goen.

Wann een traditionell vun Dier zu Dier liichte wëll goen, da soll een dat entweder eleng, mat Geschwëster oder am klengem Grupp maachen. Wichteg ass weder sech, nach aner Persounen engem Risiko auszesetzen, virun allem net déi vulnerabel Leit. An de Schoule sollen d‘Hygiènes- an d’Preventiounsmesuren ugeschwat ginn, déi dofir anzehale sinn.

Alternativen, wéi zum Beispill de Lampion an d’Fënster stellen, kënnen an de Klassen diskutéiert ginn, fir iwwert dëse Wee Regruppementer z'evitéieren.

Och d'Gesondheetsministesch huet am RTL-Interview gesot, datt d'Liichte goen net verbuede wier, soulaang et net zu gréissere Rassemblementer kënnt. Mat Masken an Distanz gesäit d'Paulette Lenert kee Problem.

PDF: Schreiwes vun der Sécurité Routière

Back to Top
CIM LOGO