
Vill Leit géingen am Kontext vun de Kompenséierungs- an Ausgläichsmesuren awer vun “Willkür” an “Abzocke” schwätzen, zitéiert d’Martine Hansen en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber een Artikel aus dem Wort a kritiséiert gläichzäiteg, dass dat net normal wier. D’CSV-Deputéiert huet 8 méi konkret Froen un d’Ëmweltministesch gestallt. Zefridde mat den Äntwerte war d’Martine Hansen allerdéngs iwwerhaapt net:
“Virun allem mol eng Bemierkung. Ech hunn 8 konkret Froe gestallt an ech hunn eng lescht Remark kritt a fir de Rescht krut ech eng Virliesung vun enger Äntwert vun enger Question parlementaire vum Här Keup. Ech kann am Prinzip och liesen an ech fannen dat ass de Geck mam Parlament gemaach. Mir stellen hei wierklech hei 8 konkret Froen, well et d’Leit dobaussen interesséiert a mir kréien null Äntwert.”
D’Froe vun der CSV-Deputéiert waren zum Beispill folgend: Et ginn jo Kompensatiounsmesuren imposéiert, déi “op d’mannst” den nämmlechten ökologesche Wäert hätte wéi déi zerstéiert Biotopen. D’Fro war, wéi den “op d’mannst” definéiert gëtt. D’Kompensatiounsmesurë gi vun engem staatlech unerkannten Ëmweltbüro ausgerechent. Dofir déi 2. Fro vun der CSV-Deputéiert:
“Kënnt et vir, dass de Ministère mat de Bilanzen, egal op et ëm d’Ökopunkten oder d’Ausgläichsmesuren geet, vun de staatlech unerkannten Ëmweltbüroen net averstanen ass? An dass dann alt emol aus e puer dausend Euro, knapp 200.000 Euro ginn? Firwat brauch een dann ee staatlech unerkannten Ëmweltbüro?”
Effektiv huet d’Ministesch beschriwwen, firwat Kompensatiounsmesurë gemaach ginn, nämlech fir den dramatesche Biodiversitéitsverloscht ze stoppen. Ma si huet op keng vun de Froe konkret geäntwert. D’Joëlle Welfring erkläert awer och, u wat dat läit:
“Ech krut eng ganz allgemeng Fro als Virlag. Hei kommen 8 spontan Froen derbäi, ech probéieren déi sou gutt wéi méiglech ze beäntwerten. Hei waren och Froen derbäi vu ganz spezifeschen Dossieren, op déi ech hei net kann agoen, deet mer ganz leed. Mir kréie bis zu 400 Dossieren d’Joer.” Donieft wollt d’Ministesch op d’Reprochë vu “Willkür” an “Abzocke” reagéieren:
“Kompenséierungsmossnamen an d’Ausgläichsmossname si per Gesetz a Groussherzoglechem Reglement virgeschriwwen. Dës Texter loosse kee Raum fir “Willkür” oder “Abzocke”. Dës Weidere mussen d’Büroen all de selwechten informateschen Outil benotzen, fir Ökobilanzéierungen ze maachen. De System ass also neutral a rational.”
Mëttlerweil wier de System also fir jiddereen d’selwecht. Eppes, wat mam Gesetz vun 2004 net de Fall war, sou déi gréng Ëmweltministesch.